Kult-Duerf Randschelt - Ausstellung "Carlo Schneider & Co"

De Weekend vum 24. bis de 26. Mäerz stung Randschelt ganz am Zeeche vun der Konscht a vun der Kultur. Niewend engem Concert vu Fee Badenius am Musée Thillenvogtei an engem weidere Concert vum André Mergenthaler an der Kierch, konnt ee sech eng flott Ausstellung "Carlo Schneider & Co" am Paschtoueschhaus ukucke goen. D'Austellung kann ee sech nach bis den 2. Abrëll all Dag vu 16-19 Auer ukucke goen. (Fotoen: Monique Reinard-Klees & David Flammang)