E gelongene Show-Concert vun der Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine

Den 13. Mai huet d'Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine zu Rodange op hire Show Concert ënnert dem Motto « Le village des musiciens » invitéiert.


No enger kuerzer Presentatioun vun hirer Presidentin, der Madamm Sandrine Picquoin huet den Här Marcel Ries d'Harmonie duerch den Owend begleet. Ënnert der Leedung vun hirem neien Dirigent, dem Här Jean-Claude Limpach, hunn d'Musikanten de gutt gefëllte Sall begeeschtert.


Um Programm stoung ënnert anerem „The Musical Village“, „Thriller“, „Journey in Concert“ an nach villes méi. Op dësem sonnegen Owend, hunn d'Musikanten nieft hirem musikaleschen Talent och hir schauspilleresch an tänzeresch Skills ënner Beweis gestallt. De Concert gouf mam „Sound of Silence“ musikalesch ofgeronnt.