GENERALVERSAMMLUNG vu de FRAEN A MAMMEN vu RODANGE

Viru kuerzem hunn d’Fraen a Mammen – Jeunes Mamans vu Rodange hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Rodange ofgehalen fir op d’Joer 2021 zeréckzekucken.

D’Presidentin Nicole Schuller-Stiefer huet d’Invitéen begréisst, ganz speziell d’Vertrieder vun der Gemeng, d’Kolleeginnen vun der Rollenger Sektioun an di fréier President vun der fréierer Péitenger Sektioun esou wéi d’Vertrieder vun de 3 Associatiounen ( Trauerwee Asbl, Fir e gudde Zweck Gemeng Péiteng Asbl an Een Herz fir Streuner Asbl. ).Duerno as deenen am Laf vum Joer verstuerwene Membere mat enger Gedenkminutt geduecht ginn.

D’Sekretärin Véronique Heinen-Schlienger huet de Reckbléck op d’Aktivitéiten vun 2021 gemeet. 2021 konnten verschidden Manifestatiounen erëm stattfannen. D’Pilates Cours’en sinn no der Ouschtervakanz 2021 erëm ugelaf. D’Kaffisstuff am September wor gutt besicht an besonnech d’Kanner hunn sech Enn November gefreet wéi de Kleeschen no engem Joer Paus mat sengen Tiitercher op Rodange komm as. D’Familljeniessen as Covid bedengt ausgefall.Nom Reckbléck huet d’Sekretärin kuerz de Programm vun 2022 presentéiert.

E puer Datummer sinn ervirzehiewen : 15.Mee as Kaffisstuff am Centre Culturel zu Rodange, 7.Juni Pilgerfahrt mam Bus op d’Sprangprëssessioun vun Iechternach ( jiddereen kann sech hei uschléissen ! Info an Reservatioun um 661 231 966 ), 25.September as eng Hierschtkaffisstuff, Déierenseegnung fënnt den 1.Oktober an der Rodanger Kiirch statt an den 24.November kënnt de Kleeschen bei de Memberskanner vum Veräin.

D’Presidentin Nicole Schuller-Stiefer as och gläichzäiteg d’Caissière vum Veräin an domadden huet Si dunn de Bilan vun de Finanzen gezunn. D’Joer 2021 as finanziell positiv ausgefall Dank der Reprise vun verschidden Manifestatiounen , déi 2020 ausgefall woren, de Pilates Cours’en, déi di 2 Deeg an der Woch gudd besicht sinn…. awer speziell och wéinst de COVID Subsiden,déi d’Gemeng Péiteng de Veräiner iwwerwisen huet fir hinnen ënner d’Äerm ze gréifen well vill Manifestatiounen wéinst COVID Restriktiounen hunn missen annuléiert ginn.


Duerno goufen 3 Schécken vun jeweils 500€ un di 3 Associatiounen Trauerwee Asbl, Fir de gudde Zweck Gemeng Péiteng Asbl an un Een Herz vir Streuner Asbl. iwwereecht.
2 verdéngschtvoll Memberen vum Comité sinn op der Generversammlung geéiert ginn .
D’Vize-Presidentin a Sekretärin Véronique Heinen-Schlienger krut mat engem flotten Kado Merci gesot fir 25 Joer Asaz am Veräin esou wéi d’Comitésmember Nadine Rischard-Johanns fir 15 Joer Veräinsarbecht Merci gesot krut mat engem Kado.

De Comité huet sech vergréissert an esou konnt d’Tatjana Goedert begréisst an offiziell an de Comité 2022 opgeholl ginn. Si huet sech der Assemblée kuerz virgestallt.
Den Här Paschtouer Romain Gillen huet als Aumônier vum Veräin ervirgestrach dass de Veräin sech an der Poar vill asetzt an och iwwerall vertrueden as bei de kirchlechen Manifestatiounen, sief dat bei der Organisatioun vun enger Déierenseegnung oder Deelhuelen u villen Pilgerfahrten a Massen. Hien huet dem Comité en häerzlechen Merci ausgeschwat an hinnen alles Guddes fir 2022 wënschen.

De Schäffen vun der Gemeng Péiteng Romain Mertzig huet och an e puer Wierder dem Veräin vill Succès gewönscht fir dëst Joer an och begréisst datt Si de Kapp nitt häenkegelooss hunn an trotz dëser schwiereger Zäit verschidde Manifestatiounen organiséiert hunn. Och können d’Fraen a Mammen weider op d’ Ënnerstëtzung vun der Gemeng zielen fir d’lokal Réimlechkeeten zur Verfügung gestallt ze kréien. Zum Schluss konnten d’Associatiounen sech nach kuerz virstellen an hir Arbecht erkläeren.

De Comité setzt sech elo esou zesummen : Eierepresidentin Ginette Frieden-Rill, Presidentin a Caissière Nicole Schuller-Stiefer, Vize-Presidentin a Sekretärin Véronique Heinen-Schlienger an d’Memberen Tatjana Goedert, Patricia Kauth-Chaves, Veronica Menghi, Nadine Rischard-Johanns, Laurence Schreiner-Johanns, Monique Van Assel-Isola an Liliane Zimmer.
Aumônier as den Här Paschtouer Romain Gillen.