Léiwen vun BOTRL waren hongereg!

Eis Léiwen waren hongereg!


No den laangen an ustrengenden Qualifikatiouns-an Play-off Matcher war et dunn endlech souwäit. Dësen Weekend den 26 September 2020 am Kinepolis um Kierchbierg stoung eist BOTRL E-Sport Team vun League of Legends endlech op der Bün fir d´Finall géint Outplay E-Sports ze spillen.


Am Virfeld huet sech d´Ekipp vun Outplay E-Sports ronderëm hiren Kapitän “Jinsch” (Chen Xiao-Zhou) als deen kloren Favorit eraus kristalliséiert. Des Meenung huet sech och unhand vun engem Sondage bestätegt, wou d’Chancen mat 70 zu 30 zu Gonschten vun Outplay E-Sports gestemmt goufen.


Di éischt Ronn konnt eist Team ouni gréisser Schwieregkeeten gewannen, an si haten domadder een gudden Start an den Match eranfonnt. No enger kuerzer Paus goung et dunn och séier weider mat der zweeter Ronn. Ufanks vun der zweeter Partie ass Outplay E-Sports eng kleng Avance op d`Léiwen gelongen, mee déi sollt net fir laang sinn, an eis Léiwen kruten dat séier nees korrigéiert an konnten des Ronn um Schluss dunn och fir sech entscheeden. Mat engem Virsprong vun 2 zu 0 war eis Equipe sichtlech erliichtert an si konnten domadder och mat engem gudden Gefill an di zweeten Paus goen. Des Paus war däitlech méi laang ausgefall, wat eis Ekipp zu sengem Notzen gezunn an sech intensiv beroden huet, mat wéi enger Strategie si an den eventuell leschten Match goen wollten.Di drëtten Ronn war méi ewéi opreegend an voller Spannung. Outplay hat een méi wei gudden Start an et konnt en Ufanks schonn dovun ausgoen, dass dat den éischten Punkt fir si gëtt. Awer och deen Ugrëff konnt eis Ekipp ofwieren an sou konnten eis Léiwen och des decisiv Partie vir sech entscheeden.


Schlussendlech konnt sech eis Ekipp duerch hiren gudden Teamplay mat engem erstaunlech, awer verdéngten, 3 zu 0 géint Outplay E-sports behaapten an steet domat als éischten Gewënner vun der POST E-Sports League fest!

Weitere Neuigkeiten von Lee Scholtes >