Rodershausen und seine Kirche.

D'Kierch vu Rouderssen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

D'Par Parc Our Saint-Nicolas ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Norden an ersetzt déi 12 fréier Pare Baastenduerf, Branebuerg, Konstem, Furen, Houschent, Housen, Mierschent, Rouderssen, Stolzebuerg, Ënnereesbech, Veianen a Wuelessen.

D'Par erstreckt sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Parc Housen, Pëtschent, Tandel a Veianen, .

De Patréiner vun der Par ass den hellegen Niklos.

D'Parkierch ass d'Trinitarierkierch vu Veianen.