1.Juni 2020 Internationalen Dag vun der Mëllech

Internationalen Dag vun der Mëllech 2020!

Duerch Coronakries si mir als Lëtzebuerger Verband fir Molkereifachleit an

Mëllechwirtschaftler ( L.V.M.) gezwongen eisen internationalen Dag vun der Mëllech,deen

normalerweis ëmmer den 1. Juni gefeiert gëtt, dëst Joer aneschters ewéi soss ze

gestallten.

D'Visitten am Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, der

Ville de Luxembourg an der Chambre d'Agriculture waren all déi Jore wichteg, eis

Doleancen bäi deenen verschiddenen Institutiounen virzedroen an si op d'Wichtegkeet

vun der Mëllech als Liewesmëttel an op Mëllechwirtschaft am Allgemengen hinzeweisen.

An dem Kontext war dann och eis Presenz vum L.V.M. samschdes um Knuedler " als

kréinenden Ofschloss " , wou mir mat Flyeren Informatiounen iwwer Mëllech- a

Mëllechprodukter geliwwert an niewebäi och nach déi neiste Produkter vun de

lëtzebuergeschen Mëllechproduzenten, sief et bio oder konventionell, de Konsumenten

méi no bruecht hunn.

Duerfir hu mer dann elo dëse Wee iwwert Medien gewielt, fir eis e bëssen

Opmierksamkeet ze schenken, an eis als Veräin esou virzestellen.

Wee si mer iwwerhaapt?

Ënnert dem Numm " Lëtzebuerger Verband fir Molkereifachleit an Mëllechwirtschaftler

( L.V.M.) betrëfft all déi hei zu Lëtzebuerg liewend Molkereifachleit an Mëllechwirtschaftler

een agedroene Veräin mat Sëtz hei zu Lëtzebuerg.

Molkereifachleit am Sënn vum Verband sinn Molkereigesellen bis hin zum

Molkereiingenieur.

Des Fachleit am Molkereisecteur sinn hei zu Lëtzebuerg momentan an dëser

Krisenzäit mam Coronavirus gefuerdert fir de Konsument Dag fir Dag mat deenen

héichwäertegen Mëllech a Mëllechprodukter ze verwinnen. Dobäi huelen se sech nach déi

néideg Zäit de Konsument mat innovativen, neie Produkter ze iwwerraschen.

Zweck vum Veräin ass, déi sozial, beruflech a wirtschaftlech Betreiung vun de Mitglieder,

an gegenseiteg Hëllef a Berodung an allen Molkereifroen ze förderen. Et ass och dem

Verband seng Aufgab Pfleeg an der Berufsberodung, der Fach- a Léierausbildung, an an

der Fortbildung ze garantéieren.

Berufsviraussetzungen an der Mëllech- an Molkereiwirtschaft sinn villfälteg.

D'Naturprodukt Mëllech, dat a chemescher, physikalescher, mikrobiologescher an

sensorescher Hisiicht ganz empfindlech ass, erfuerdert vun den Molkereifachleit an

Mëllechwirtschaftlechen Laboranten (-innen) naturwëssenschaftlech, technologesch an

hygienesch Kenntnisser.

Zum Schluss wëlle mer drop opmierksam maachen, dass dëse Molkereifachmann/-fra hei

am Land net esou bekannt ass, trotzdeem en attraktive Beruff ass, deen de jonke Leit eng

Zukunftsperspektiv bidde kann.

Weider Informatiounen op: www.lvm-verband.lu