72 Kiischtefest zu Trënteng

Viru Kuerzem huet Trëntenger Musek dat 72. Kiischtefest, organiséiert. Wann och d’Fest mat der Zäit huet musse matgoen, ass awer de Grondgedanken fir am Kiischtendall d’Kiischt an de Mëttelpunkt vu engem Fest ze setzen, ëmmer bäibehale ginn. Scho fréi moies ier déi éischt Wanderer sech op Wee vum IVV Marsch gemat hunn, hu fläisseg Dammen ugefaange déi traditionell Kiischtespéitztoarten (mat de Steng) op der Plaz ze baken. Spéider am Moien hunn sech d’Leit  em de Stand mat de Kiischten a Kiischteprodukter, Kiischtendrëpp, Liköer, Jus, Beschwipste Kiischten, Kiischte Balsam Esseg a Kiischtegebeess, gedréckt, fir déi verschidde Produkter ze schmaachen an ze keefen. Um kulturelle Programm stoung dëst Joer de Jumelage mat der tschechescher Gemeng vu Hrusky am Mëttelpunkt. Esou war eng Delegatioun aus där Gemeng, den tschecheschen Ambassadeur, eng tschechesch Museksgrupp an de Kannerchouer Melimelo cz-sk-lu zu Gaascht. D’Réiser Musek an als Ofschloss déi Lënster Musek  hunn déi vill Gäscht ënnerhalen. a vill Leit vun no a méi wéit ewech begeeschtert.


(Text: Fernand Hoss, Fotoen: Marc Schumacher)