Chorale Ste-Cécile Réiser - Krautem spend 1.000 €

Bei Geleeënheet vun der dësjäreger Generalversammlung vun der Chorale Ste-Cécile Réiser - Krautem gouf e Scheck vun 1000.-€ un de Vertrieder, Romain HENRION, vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.

Dës Zomm koum duerch d'Quête beim Concert " Sangen ouni Grenzen " vum leschte Joer zesummen. Merci un Iech Alleguerten déi dofir bäi gedroen hunn.

Och goufe verschidde Membere geéiert, d'Anni Kieffer-De Kroon huet d'Médaille en Vermeil avec Palmette fir 40 Joer Memberschaft vum Pius-Verband iwwerreecht kritt, d'Francine Christen-Bassi an de Claude Schanen kruten e Kaddo fir iwwer 30 Joer Sekretärin respektiv Fändeldréier vum Veräin. www.fondatioun.lu