Entente vun de Réiserbänner Veräiner - Scheckiwwerreechung vun 8.000 €


De Comité vun der d'Entente vun de Réiserbänner Veräiner huet decidéiert, mam Accord vun alle Veräiner déi Member an der Entente sinn, en Don u verschidden Associatiounen ze iwwerreechen.

De 27. Juni 2022 huet d'Entente am Pavillon vun der Réiser Gemeng, an a Presenz vu verschidde Veräiner a Vertrieder vum Gemengerot, 4 Don’en vu je 2.000 € un Alan, Wonschstär, Iles aux clowns a Rahna iwwerreecht.

D'Vertrieder vun deene 4 Associatiounen hu bei där Geleeënheet hir Fondatioun kuerz virgestallt an och erkläert wat d’Aktivitéite vun hirer Associatioun sinn.

Spéitstens no dësen Explikatiounen war jiddereen am Sall nach méi iwwerzeegt, datt déi Sue beschtens ugeluecht sinn.


De Comité vun der Entente vun de Réiserbänner Veräiner.

Weitere Neuigkeiten von Sandra Feltes >