Generalversammlung vun der Réiserbänner Musek

Am Februar hat d'Réiserbänner Musek op hir 117. Generalversammlung an hire Musekssall invitéiert.. De President Fisch Erny konnt de Buergermeeschter Tom Jungen, d'Vertrieder vumSchäffen-a Gemengerot begréissen, souwéi verschidde Vertrieder vun de Veräiner aus der Gemeng.

Wärend der Gedenkminutt un déi 2022 verstuerwe Memberen an Éierememberen, gouf ganz besonnesch un de laangjärege Musikant Portha Roby zréck geduecht.

An Zesummenaarbecht mam Martine Sinner, huet d'Sekretärin Sandra Flammang dun den Aktivitéitsbericht vum Joer 2022 virgedroen, wou op e gutt gefellte Programm zréckgekuckt gouf, mat Concerten zu Hettange-Grande, Lentgen, am Klouschtergaart zu Peppeng a de ganz flotte Wanterconcerten zesumme mat der Beetebuerger Musek zu Réiser an zu Hunchereng. (Foto)

Nieft de musikaleschen Aktivitéiten huet d'Réiser Musek sech och un de Manifestatiounen an der Gemeng an un de Réiser Päerdsdeeg bedeelegt.

Duerno konnt de Caissier Friedrich Jean-Paul iwwert eng gesond finanziell Situatioun vum Verain beriichten. Dozou hunn ënner anere virun allem d'Hämmelsmärsch an de Verkaf vu gebakenem Fësch bäigedroen.

De Caissier krut dunn d'Entlaaschtung vun de Caisserevisoren.

D'Sekretärin Martine Sinner huet dunn den Ausbléck op de Programm fir d'Joer 2023 virgedroen, wou ënnert anerem verschidde Concerte geplangt sinn. Ausgedeelt goufe Bongen un déi 10 Musikanten/innen wou déi meescht Presenzen haten.

Uschléissend huet de Buergermeeschter Tom Jungen den Asaatz vun der Réiserbänner Musek zum Wuel vun der Gemeng gelueft a matgedeelt, dass de Bau vum néie Veräinssall gutt weidergeet an dass ee mat der Fäerdegstellung viraussiichtlech bis September-Oktober 2023 rechne kann. Hien ass och drop agaangen, dass d'Liewen an d'Iwwerliewe vun de Veräiner, no der Pandemie, nach méi ustrengend gin ass, an huet ervirgehuewe wei wichteg d'Musek an hir Bedeelegung vun de Manifestatiounen an der Gemeng ass.

Ofgeschloss huet de President Fisch Erny déi warscheinlech lescht Generalversammlung dei am ale Musekssall vun der Réiserbänner Musek war, an huet jiddwereen op e Patt invitéiert.