Konveniat vu fréiere Spiller vum FC ARIS Bouneweg

Och den 7. Konveniat huet nees e grousse Succès gehat.

D’Organisateure, de Schreiner Jimmy, Floener Francis a Lux Romain, krute 51 fréier Spiller a Comitésmembere motivéiert sech am Restaurant Réiserstuff  zu Réiser ze treffen. Erwäänt muss och ginn dass verschidde Spiller sech net ze schued ware fir e wäite Wee op sech ze huele fir bei dësem Event kënne dobäi ze sinn, de Rekord mat 190 Km gehéiert dës Kéier awer dem Pissinger Abbes. Ëtt gëtt gemunkelt dass hie fir dës Distanz um Terrain zu senger aktiver Zäit bestëmmt zwee Joer gebraucht hätt. Bei ganz gudder Stëmmung, engem gudde Maufel a dem wuelverdéngte Patt sinn nees eng ganz Partie al Anekdote a Spiichten op Tapéit komm. Natierlech ass sech och u déi flott sportlech Erfolleger vun der Aris als fréiere Stater Traditiounsveräin erënnert ginn. All waren sech eeneg dass esou een Event onbedéngt muss a der Zukunft bäibehale ginn. D’Organisateure wäerten sech dem och unhuele.