Colors of Blindness - Am Interêt vu blannen- a séibeanträgtegte Mënschen

Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung: Colors of Blindness
Eng éischt Quinzaine am Interêt vu blannen- a séibeanträgtegte Mënschen


Wéi ergeet et de Blannen, a wat kann ee maache fir hiren Alldag ze erliichteren?

Fir op dës Froen anzegoen hat d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannenvereenegung eng éischte Kéier eng Quinzaine „Colors of Blindness” vum 1ten bis de 15ten Oktober, zesumme mat hire Partner, organiséiert.


Geplangt waren 2 Woche mat Ausstellungen, Konferenzen, Workshoppen an engem Dinner in the Dark souwéi engem Concert de bienfaisance am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.


D’Familljeministesch Corinne Cahen huet de 2ten Oktober d’Quinzaine mat hirem Besuch vun der Ausstellung an der Fondatioun zu Rolleng opgemaach.


Eng ganz Rei Aussteller aus dem Beräich Blann oder Séibehënnerung hunn ëmmer Dënschdes a Mëttwochs hir Servicer a Produite gewisen. Mer konnten op sou divers Partner zielen, wéi z.B. Aciah, A.M.V.A., Artha, Biped, Canne Blanche, Ceciaa, Chiens Guides d’Aveugles au Luxembourg, Digital Inclusion, IGEL, Info Handicap souwéi Lux Basse Vision, Dans le Noir, CIPA Blannenheem, BBF (Berodung, Betreiung a Fräizäit), Bieschbecher Atelier, Natur Crèche Bieschbech a Motum – de mobile Fleegedéngscht.


Vum Blannenhond iwwert Séihëllefen, Computerspiller fir Blanner, Hëllefsmëttel fir den Alldag souwéi Services d’accompagnement war alles dobäi.


Déi selwecht Deeg goufe Workshoppe fir Senioren a Jonker organiséiert. Hei konnt eise Service BBF (Berodung, Betreiung a Fräizäit) a verschiddene Ateliere weise mat wéi enge Schwieregkeete blann Persounen am Alldag konfrontéiert sinn, a wéi eng Léisungen d’Fondatioun an seng Partner fir dës Matbierger bereetstellt. Als Beispill kruten d’Leit am Workshop d’Brailleschrëft kuerz erkläert, a konnte selwer eenzel Wieder am Braille noschreiwen. Duerno gouf et ee klengen Tour mam Blannenhond, eng Aféierung a Guidagetechnike fir blann Leit, a schlussendlech e Parcours mat eisen exklusiven Triobiken, wou 2 Persoune vir Platz dra fannen.

Sécherlech een Highlight: den Dinner in the Dark am grousse Festsall vum CIPA, zesumme mat eisem Partner AMVA.


36 Gäscht konnten a vollstänneger Däischtert en 3-Gang Menü, präparéiert vun der exzellenter Kichenequipe vun eisem CIPA Blannenheem an zerwéiert vu blanne Serveuren, genéissen. Dëst war nëmmen e klengen, mee liewegen Abléck an d’Welt ouni Luucht wéi se fir eng Rei vun eise Matmënschen leider Alldag ass. Dat ganzt gouf musikalesch vum blanne Museker Jean Ziata begleet. Och RTL Télé war op der Platz an huet ee ganz flotte Reportage iwwert den Dinner in the Dark gedréint.


E weideren Highlight gouf et den 13ten Oktober am Conservatoire an der Stad. Hei hate mer mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg e Concert de Bienfaisance organiséiert. D’Nastassia Simonnet, eng blann Sopranistin aus Frankräich gouf vum Robert Kania um Clavecin a Piano begleet. Zesummen hunn si duerch e diversifizéierte Programm vu Lidder aus dem 17ten bis eran an d‘20t Joerhonnert gefouert. Vum Strauss iwwert de Purcell bis hin zum Bach waren all déi grouss Nimm derbäi.


Ofgeschloss gouf eis éischt Quinzaine mat enger flotter Formatioun mam Thema « La déficience visuelle au quotidien, défis et enjeux ». Hei huet eisen Expert an Direkter vum BBF, den Damien Talbot, mat senger ganzer Kompetenz duerch d‘Thema Begleedung am Alldag vu blanne Persoune gefouert. Des Formatioun war gutt besicht, an d’Participanten hunn aus interesséierte Privatpersoune wéi awer och aus Professionellen aus dem Secteur bestanen.


Dës éischt „Colors of Blindness” huet gewisen, dass nach ganz vill Bedarf un Erklärunge ronderëm d’Thema „Déficiences visuelles“ besteet, an den Erfolleg vun dëser Première huet eis bestäerkt, och déi nächst Joren e Programm op d’Been ze stellen, fir dem Public d’Problematiken, awer och d’Léisunge souwéi d’Associatiounen aus dem Secteur méi no ze bréngen.


En Androck mat méi Fotoen zu der ganzer „Colors of Blindness“ fannt dir op der Websäit https://flb.lu/cob


Wann dir nach Froen zum Thema Séibeanträchtegungen hutt da kënnt dir Iech gären un d’Fondatioun riichten:


Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
47, rue de Luxembourg
L-7540 Rollingen
Email: info@flb.lu
Tel: (+352) 32 90 31 -1500