Concert vum Fernand Scheller am Cipa Blannenheem

Fir di drëtte Kéier huet de Fernand Scheller e benevollen Outdoor Concert fir d‘Bewunner vum CIPA Blannenheem gesongen. Aus sengem grousse Repertoire huet hie flott Lëtzebuerger Lidder vu fréier a ganz fréier gesongen. Well dat de Leit immens gutt gefall huet, ass en zweete Concert an doropshin och nach en drëtte Concert mat Lidder aus de 50er, 60er a 70er Jore geplangt ginn. Tëschent de Lidder huet hie Witzer erzielt an esou d’Bewunner, an hier Familljen, un d‘ laache bruecht.


Bleift gesond a monter huet hien eis gewënscht.


Mir wënschen dem Fernand Scheller dat selwecht a soen him en grousse Merci fir di 3 ofwiesslungsräich a lëschteg Nomëtteger, déi mir dobausse bei guddem Wieder an entspaanter Stëmmung mat him verbruecht hunn.