Concert vum Nico Walisch am Cipa Blannenheem

De 6. August hat den Nico Walisch, op senger Ofschloss-Tournée vum Projet „Vu-baussent-der-Diir“, e schéine Concert bei der Haapt Entrée vum Cipa Blannenheem.

Hien huet iwwer 80 benevol Optrëtter wärend de leschte 5 Corona Méint gespillt.

Mat senger rouder Harmonika huet den Nico Walisch de Pensionnairen aus dem Cipa Blannenheem flott Lidder gespillt a gesongen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

E grousse Merci fir déi 3 Concert’en mat deenen hien eis vill Freed gemaach, an, an där Zäit, positiv ënnerstëtzt huet.