Diamanten Hochzäit

D'Jeanny an den Nicolas Rollinger-Franck aus der Résidence Hertha Winandy (Rolleng), déi den 29. August 2019 genee 21.915 Deeg bestuet waren, hu viru kuerzem zu Lëntgen am Restaurant "Chez Ben" am Krees vun der Famill hir Diamanten Hochzäit gefeiert. Mir wënschen hinnen nach en etlech gemeinsam Joren derbäi!