Kiermes am Duerf Rolleng/Miersch - Dons

De Rollenger Parrot, zesummen mat der Chorale Ste. Cécile, organiséiert seit enger Reih Jahren eng " Kiermes am Duerf " um Kiermessamschdeg zu Rolleng / Miersch.

E groussen Deel vum Erléis vun deene leschte Jahren hu mir gespend un :

- d'Stëmm vun der Strooss 1.250 €

- d'Banque Alimentaire 1.250 €

- d'Croix Rouge op hire Kont " Erdbiewen Syrien/Tierkei " 2.500 €

Nach eemol e grousse Merci all deene Leit di eis op der Kiermes besicht haten oder eis mat engem Don ennerstëtzt haten, an doduerch zum Erléis beigedroen hun !


Rosy Heintz, Parrot Rolleng / Miersch

Weitere Neuigkeiten von Raymond Heintz >