Personaléierung Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

De Samschdeg den 22ten Oktober hunn de Verwaltungsrot an d’Direktiounen vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, no enger Covid bedéngter Paus, hir laangjäreg Mataarbechter geéiert.

Am Kader vun dëse Feierlechkeeten, goufen 117 Employéeë wärend enger Seance académique am grousse Festsall vum CIPA Blannenheem, fir hir 10, 20 an 30 Joer am Betrib felicitéiert. Och de Mataarbechter déi an d’Pensioun goungen, gouf bei dëser Geleeënheet alles Guddes gewënscht.

De Vize-Präsident Albert Henkel souwuel wéi den Generaldirekter Thierry Lutgen hunn an hire Riede betount, dass ouni déi wäertvoll Aarbecht vum Personal déi vill Institutioune vun der Fondatioun hiren uvertrauten Leit net déi qualitativ héichwäerteg Betreiung kéinten zoukomme loossen.

Iwwert déi alldeeglech Aarbecht eraus, huet de Verwaltungsrot besonnesch hire groussen Asaz wärend der Corona-Kris unerkannt, sou dass och an där schwiereger Period de Betrib konnt assuréiert ginn.