Ronne Gebuertsdag am Cipa Blannenheem gefeiert


Rollingen/Miersch: Vum Juli bis zum Dezember 2023 waren et zesummen 18 Bewunner aus dem Cipa Blannenheem zu Rollingen/Miersch, déi d’Gléck haaten, fir hire ronne Gebuerstdag duerfen ze feieren. Wéi et neierdéngs zur Traditioun gehéiert, haaten di Verantwortlich vun der Direktioun mat hirem Team am Mount Januar zu enger flotter Gebuertsdagsfeier invitéert. A senger Laudatio ass den Generaldirekter Thierry Lutgen a Presenz vum Carole Theisen, als Chargée de direction, op Sënn an Zweck vun sou enger Feier agaangen an huet uschléissend och allen Gebuertsdagskanner am Numm vum Haus haerzlich zu hirem Jubiläumsdag gratuléiert. Och fir de Buergermeeschter Michel Malherbe mat sengem Schëffen Heng Krier, war et eng besonnesch Éier fir alle Gebuertsdagskanner säitens der Gemeng Miersch seng bäschte Gléckwënsch ze iwerbrëngen fir och nach weiderhin zefridden a gesond Liewensjoeren können ze genéissen. Mat engem passenden Kado sin folgend Jubilaren geéiert gin: Fir 80 Joer: Marianne Weber- Meyers; Jacques Dessouroux an Marie- Thérèse Heck. Fir 85 Joer: Guitty Ottele- Decker; Robert Lenners; Fernande Bontemps- Schmit; Roger Petry; Nicolas Gilson; Marie- Josée Schiltz- Kinnen an Anne- Marie Philipps- Marche. Fir 90 Joer: Antoinette Geisen- Kutta; Nelly Schaack- Gengler an Hermelinda Carcia- Gonzalez. Fir 95 Joer: Jeanne Schmit- Reuter; Germaine Buttel- Zimmer; Anne Klein- Weber; Marie Kneip- Molitor an François Lauer. Verschidden Jubilaren, déi deser Feier nit konnten beiwunnen ass och gratuléiert gin. Fir di richtig Gebuertsstëmmung huet d’Lisa Mariotto mat flotte Lidder de ganzen Nommëtteg och bäschtens gesuergt. Nom Opscheiden vum groussen Gebuertsdagskuch mat engem Glas Crémant huet dess schéi Feier an angenehmer Atmosphäre säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)