80. Anniversaire vun der Madamm Christine Back-Watry


Lamadelaine. Am Kader vun enger Gebuertsdagsfeier mat Famill, Frënn a Bekannten huet d’Madamm Christine Back-Watry am Restaurant Threeland zu Péiteng hir 80 Joer gefeiert.

Si ass gebuer zu Messancy (B) den 20 November 1941 an si gouf 1963 mam Gabriel Back bestuet. D’Koppel krut 1 Jong, de Jean-Luc, an hire ganze Stolz sinn hir 2 Enkelkanner, de Joël an d’Michèle.

Merci seet d’Christine iech alleguer fir déi schéin Blummen, déi vill Don’en an déi léif Gléckwënsch.

November 2021