Positive Bléck an d'Zukunft


Generalversammlung vun der HMRL


De 24. Februar huet d'Presidentin vun der Harmonie Municipale Rodange a Lamdaelaine, d'Madamm Sandrine Picquoin, op hir Assemblée Générale invitéiert. Begréisst huet si d'Memberen aus dem Scheffe- a Gemengerot, sou wéi Vertrieder vu verschiddene Veräiner aus der Gemeng, déi zuelräich present woren.


De presentéierte Bericht vun der Sekretärin weist, dass d'Harmonie trotz de sanitäre Mesuren eng selleg Aktivitéiten am Virjoer zeréck. Ähnlech gefellt weise déi geplangte Manifestatiounen op eng zefridden Zukunft hinn.

De Keessebericht fält positiv aus, wat op eng gesond a stabil Finanzlag opweist.


D'Harmonie sicht doriwwer eraus emmer no neie motovéierte Musékante fir hir Equipe ze verstäerken.


Wäerend der Versammlung goufen d'Madamm Myriam Goergen, den Här Joe Gomes . d'Madamm Samantha Limpach-Schartz an d'Madamm Sarah Marinkovic an de Comité gewielt. Zesumme mam Här Jean-Marc Görtz, der Madamm Joelle Quintus an der Madamm Sandrine Picquoin vervollstännege si de Comité.


Zum Schluss well d'Harmonie op hiere Gala-Concert den 13. Mai 2022 am Kulturzentrum zu Rodange opmierksam maachen. Desen invitéiert ennert der Leedung vum Här Jean-Claude Limpach op e schéinen Owend.