«Musek am Syrdall» invitéiert Iech häerzlech op de Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert 8.0» e Sonndeg, de 14. Abrëll um 17:00 Auer am «SYRKUS» zu Roodt/Syr.
Lidder vu fréier, Texter vu fréier, op eng originell Aart a Weis nei arrangéiert.
Lidder vun haut, Texter vun haut, nei komponéiert fir Kleng a Grouss.
Et ass dem INECC e grousst Uleies eise räiche Lëtzebuerger Lidder- Repertoire méi bekannt a public ze maachen. Mat neien zäitgeméissen Arrangementer soll dëse Repertoire de jonke Sänger, Gruppen, Bands a Chéier zougänglech an attraktiv gemaach ginn. Rezent Popsongs an nei komponéiert Lidder ginn dobäi grad esou berécksiichtegt wéi eise musikalesche Patrimoine.
Den traditionelle Concert «Lëtzebuerger Lidder nei arrangéiert a komponéiert» feiert säin 10. Gebuertsdag! Zäit fir déi flottste Stécker aus de leschten 10 Joer Revue passéieren ze loossen. Als Gebuertsdagskaddo gëtt et och e puer ganz nei Lidder aus der Fieder vun eise laangjäregen Arrangeuren a Komponisten.
Freet Iech op de Lëtzebuerger Lidderchouer, ënnert der Direktioun vum Jean-Paul Majerus a begleet vun Christophe Nanquette (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Boris Dinev (Percussioun).
Moderatioun: Camille Kerger.
Reservatioune ginn ugeholl am léifsten per E-Mail un schulleo@pt.lu
Photo © Pierre Weber