Konveniat vun den Ackerbauschüler vun 1956-1958

Op Invitatioun vun de Kollegen Willy Kass, Henri Hengel, Léon Meyers, Emile Meiris a Paul Steichen hu sech 32 fréier Schüler um Rouscht bei der Luxlait getraff fir hire Konveniat ze feieren.

No der Visite vum Vitarium ass e gudde Menu am Restaurant „A Guddesch“ zu Bieréng zerwéiert ginn an duerno stungen d’Erënnerungen an d’Anektoten vu viru 55 Jar um Programm.

Am Hierscht 1956 hu sie zu 100 op dräi Klasse verdeelt ugefaangen. Am zweete Jar, nodeem verschiddener doheem am elterliche Betrieb hu missen zwou Hänn mat upaken, waren et der nach 76 an no den Ouschteren nach 63. Am Juli 1958 hu si hire Schlussexamen gemaach, an d’Resultater hu sech weise gelooss:

28 haten d’Mentioun „très bien“, 28 haten d’Mentioun „bien“ a siwen d'Mentioun „assez bien“ kritt. Leider si scho 17 Schoulkollege verstuerwen, an u si ass an enger Gedenkminutt erënnert ginn. Et ass och décidéiert ginn, d’nächst Jar een Tour vun e puer Deeg an d’Ausland ze maachen an dat mat den Dammen. (C.)