Jubiläumsconcert zur 140 Joërfeier vun der Musek Concordia Rouspert


De 25. März 2022 hat déi Rousperter Musek op hire Concert zur 140 Joërfeier am Reemerhof agelueden.

Den Optakt huet de Jugendensemble "Rousperter Noutefrupserten" gemaach.

Héichpunkte vum Concert vum Gebuertsdagskand waren 2 nei Kompositiounen, eemol "Midwinter Promenade" vum jonke Rousperter Musikant Christophe Schiltz an d'Kompositioun "Eupholie" vum Dirigent Tim Kleren mam Solist Philippe Schiltz um Euphonium.

Gespillt gouf och de Marsch "Anniversaire", dee vum deemolegen Dirigent Jean Flammang fir de 70. Gebuertsdag komponéiert ginn ass.

D'Féierung duerch de Programm louch an der Hand vum Marion Spiridigliozzi- Scheuer.

An hirer Usprooch hu souwuel de Buergermeeschter Romain Osweiler wéi och de President Jean-Paul Krippes ënner anerem déi 12-jähreg Tätegkeet vum Dirigent Tim Kleren ervirgehuewen.

Am Kader vun deem Owend huet den UGDA Generalsekretär Marc Thill zesumme mam UGDA Regionalvertrieder Romain Osweiler och Medaillen u verdengstvoll Musikanten iwwerreecht.

Den Owend ass mat engem Stéck Gebuertsdagskuch fir all Uwiesenden ausklenge gelooss ginn.

Een Deel vum Erléis ass un d'Urgence Ukraine vun der Croix-Rouge iwwerwise ginn.