Les rues au féminin

LOOSST EIS AM MÄERZ D’FRAE MÉI SIICHTBAR MAACHEN

Am Kader vum internationalen Fraendag, den 8. Mäerz 2022, mécht d’Gemeng Rouspert-Mompech bei der Aktioun „Les rues au féminin“ mat, déi vum Conseil National des Femmes zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam SYVICOL proposéiert gëtt.

Folgend Stroossen kréien vum 8. bis den 31. Mäerz 2022 e symboleschen Numm:

Zu Rouspert: Rue Henri Tudor –> Rue Ruth Bader Ginsburg

Ruth BADER-GINSBURG (1933-2020): Riichterin assesseure beim Ieweschte Geriichtshaff vun de Vereenegte Staaten vun Amerika

Zu Mompech: Um Buer –> Rue Aline Mayrisch De Saint-Hubert

Aline MAYRISCH DE SAINT-HUBERT (1874-1947): Engagéiert Feministin, Grënnerin vun der éischter Fraenorganisatioun zu Lëtzebuerg

Zu Uesweiler: Rue Poeppelbaach –> Rue Nelly Flick

Nelly FLICK (1902-1963): Affekotin, Fraerechtlerin

Zu Méischdref: Op der Faer –> Rue Marguerite Thomas-Clement

Marguerite THOMAS-CLEMENT (1886-1979): Porte-parole fir d’Fraen an der Chamber vun 1919 bis 1931, déi éischt Fra an der Chamber