Krëschtfeier vum Syrdall Heem

Sandweiler. D'Senioren vum Syrdall Heem Sandweiler an Nidderaanwen hunn hir Krëschtfeier an engem flotte Kader am Centre Culturel zu Sandweiler gefeiert. Dat ganzt bei engem gudden Iessen a gudder Stëmmung. D'Schoulkanner hunn d'Feier musikalesch verschéinert. De Gard an Heem Sennengerbierg huet de Service gemaach.

Aly Reuter via mywort.lu