Remerschen

Remerschen

Aacht vun den 28 Jongen vun der Promotioun 1957 aus der Normalschoul (Classe de l’élève invisible Flammang) hunn sech dëst Jor bei de Baggerweier zu Remerschen getraff, si hunn sech dat schéin Stéck Natur do ugekuckt an duerno goung et an de Restaurant vum Chalet. Beim Iessen hunn si un hir 13 verstuerwen Komeroden geduecht an et koumen eng Hällewull Anekdoten aus der Schoulzäit op Tapéit. Och wann scho munch Anekdot oder Witz e laangen Baart hunn, si kommen ëmmer erëm. Déi al Hären hunn sech och iwwert déi nei Technologien ënnerhalen, déi iwwerall ëmmer méi d‘Soen kréien, si sinn der Meenung datt déi nei Technologien eng wäertvoll Hëllef sinn. Mee de Mënsch soll d‘Soen hunn, net Technik. An opgepasst, wann een de Stecker erauszitt: beim Käerzeliicht geet de PC net!

(Flammang via mywort )