Autokino Belval - Film Rusty Boys

14
Aug
2017
14 Aug

De Film gëtt um 22h00 gewisen.

De Ciné-Village mat Food-Trucks, Popcorn, Animatioun (DJ) a gudder Stëmmung mécht schonns um 20h00 seng Dieren op.


Entrée: 10.- pro Persoun / Studente 7,50.- / Kanner < 12 Joer 5.-

Dir kënnt just boer bezuelen.


Rusty Boys

Version originale sous-titres FR / Enfants admis

L 2016. Kaméidisstéck. Dauer: 107 Minutten

E Film vum Andy Bausch

Et spille mat: André Jung, Marco Lorenzini, Fernand Fox, Pol Greisch


Wann déi al Herrschaften sech net esou behuelen wéi hir Kanner sech dat virstellen, da sinn déi fatzeg iwwerfuerdert. Si hu scho Schwieregkeete genuch hir eege Kanner an der Gitt ze halen, elo ginn déi Al och nach opsässeg. De Fons Kayer (70), de Jean-Louis « Lull » Hemmer (82), den Nicolas « Nuckes » Heinen (65) an de Jängi Jaminet (84) hunn sech e Liewe laang net erëmkommandéiere gelooss a wëllen sech och elo näischt méi gefale loossen. Zesumme plangen déi 4 Hären hir Zukunft ouni Altersheim. Den Nuckes ass déi dreiwend Kraaft. Als alen 68er weess hie wéi een de Widerstand organiséiert, mee dat Ganzt ass awer méi einfach gesot wéi gemaach!