E 'bal normalt' Joer fir d'Veräiner

E ‘bal normalt’ Joer fir d’Veräiner

Aus der Generalversammlung vun der Entente vun de Suessemer Veräiner

Suessem. En Dënschdeg, den 22. November 2022, huet d’Entente vun de Suessemer Veräiner, déi aus 13 lokalen Associatiounen an 2 ‘membres-particuliers’ besteet, hir Generalversammlung am Hall Polyvalent zu Suessem ofgehalen an dat no engem Joer, wou d’Aktivitéite vun de Veräiner erëm ‘bal normal’ konnte verlafen, wéi de President Jean-Claude Majerus a senger Usproch gesot huet. Den Tätegkeetsbericht vun der Sekretärin Carine Reuter ass dofir dëst Joer erëm e bësse méi laang ausgefall. D’Entente hat awer virsiichtshallwer am Mäerz 2022 op dat traditionellt « Pifffaass » verzicht, well nach ëmmer ze vill Ongewëssheet bestanen huet wéinst de Corona-Infektiounen. Dofir gouf et awer am Juni eng Versioun ‘light’ vum « Pifffaass » am Bannenhaff vum Suessemer Schlass, wat den Acteuren/Actricen an dem Publikum sécherlech vill Freed gemaach huet. Den 12. Juni huet d’Suessemer Entente zesumme mat den Entente vu Bieles, Éilereng an Zolwer déi Politiker aus der Gemeng geéiert, déi op nationalem an op Gemengenniveau eng nei Verantwortung kruten. An nëmmen 10 Deeg méi spéit woaren all Veräiner erëm um Dill an hunn um Virowend vum Nationalfeierdag fir Iessen a Gedrénks um Scheierhaff zu Zolwer gesuergt.

Fir d'Suessemer Entente ass a woar et nach ëmmer wichteg, Associatiounen ze ënnerstëtzen, déi fir de gudden Zweck schaffen. Sou gouf de 6. Mäerz 2022 ganz spontan eng Aktioun gestart, fir Geld fir d’Ukrain ze sammelen. Bei kalen Temperaturen, mee schéiner Sonn, gouf virum Hall Polyvalent gesongen, giess a gedronk! A virun allem gespent! An esou koume bal €13.000 zesumme fir an der Ukrain ze hëllefen. D’Madame Natalia Pavlyk vun der Associatioun Ukraïnka – ASBL huet der Entente e grousse Merci ausgesprach an erkläert, wéi mat hirem Deel vun de Sue gehollef gouf.

All Joer sicht d’Entente eng Associatioun eraus, déi an der Generalversammlung e Scheck vun €1000 iwwerreecht kritt. Dëst Joer woar et un der a.s.b.l. WONSCHKUTSCH, eng Associatioun, déi versicht, Mënschen e leschte Wonsch ze erfëllen an den Transport ze garantéieren.

Zum Schluss huet d’Entente e gemittleche Patt an e klenge Maufel offréiert.