Mérite Culturel vun der Gemeng Suessem

Mëttwochs, de 5. Dezember 2018, haten d’Gemeng Suessem an d’Kulturkommissioun op de Mérite Culturel an den Artikuss gelueden. Mam Sandra Lieners, André Reichling a Johny Lackner goufen deen Owend direkt dräi Leit geéiert, déi hier Féissofdréck an hire

jeeweilege Sparte mat Nodrock hannerlooss hunn.

Den Optakt vun der gelongener Feier huet awer den alljäerlech ausgeschriwwene Gléckwonschkaarte Concours gemaach. Ënnert dem Thema “Gemeng Suessem

by Night” haten eng sëlleche Fotografen hir Wierker erageschéckt.

Nom Uerteel vun enger onofhängeger Jury – zesummegesat aus dem Schäfferot a Memberen aus der Kulturkommissioun – duerft sech de Christophe Groben iwwert den éischte Präis freeën. Seng wonnerbar Nuetsopnam vum Belval wäert souwuel op deene gedréckten, wéi och op deenen digitale Gléckwonschkaarte vun der

Gemeng Suessem ze gesi sinn. Fir deen 33-järegen Zolwerer war et deen zweete Succès hannertenee bei dësem Concours.

Weider goung et dono mam Prix du Bénévolat, deen op dësem Owend fir déi éischte Kéier a sou engem feierleche Kader iwwerreecht ginn ass. Mam Johny Lackner

hat de Schäfferot ee Lauréat erausgesicht, dee fir déi éischt Editioun vun dëser Auszeechnung net méi passend hätt kënne sinn. Schon iwwer 60 Joer engagéiert sech de Johny Lackner an ënnerschiddleche Funktioune mat Häerz a Séil fir d’Bieleser Musek. Dorop, an och op vill humorvoll Anekdoten, ass d’Kulturschäffin Simone

Asselborn-Bintz an hirer Laudatio agaangen.

Nom Prix du Bénévolat stoung de Prix d’Encouragement Culturel um Programm. Dëse Präis goung 2018 un d’Kënschtlerin Sandra Lieners. Déi 28 Joer al Molerin, déi hir Kandheet a Jugend zu Éilereng verbruecht huet, inspiréiert sech bei hire Wierker ganz oft u Fotoen, déi si op hire ville Reese ronderëm d’Welt mécht. An hire Biller, verschafft d’Sandra Lieners reell Zeene mat abstrakten Andréck a spillt mat Verzerrungen, Déifteverännerungen a Wiesselwierkungen tëscht Schäerft an Onschäerft. Déi jonk Artistin huet nët nëmme schonns mat enger ganzer Rei vun Ausstellungen

am In- an Ausland op sech opmierksam gemaach, mee gouf viru kuerzem och mam

renomméierte Pierre Werner Präis ausgezeechent. Souwuel d’Presidentin vun der

Kulturkommissioun, Nicole Pletschet, wéi och hir laangjäreg Frëndin a Laudatorin Esther Koenig ware sech eens, dass een an Zukunft nach vill vum Sandra wäert héieren.

Den Haaptplat vum Owend war schliisslech d’Iwwerrechung vum Mérite Culturel vun der Gemeng Suessem un den André Reichling. Den 62 Joer ale Museker an Dirigent war net manner wéi 25 Joer laang Chef vun der Lëtzebuerger Militärmusek, mat där hien iwwer 1200 Concerte geleet huet. Donieft huet den André Reichling ganz vill Arrangementer fir d’Militärmusek oder och nach aner Museke geschriwwen, an ënner anerem och fir de Kannerchouer "Les Mésanges" vu Bieles/Metzerlach.

Mat senger kompetenter, awer och ëmmer positiver a mënschlecher Handschrëft, huet hien d’Lëtzebuerger Militärmusek laang Joere gefouert an hat dobäi och ëmmer een oppent Ouer fir Nowuesmuseker. Zu spéiden Éieren ass den André Reichling den 3. Januar 2018 komm, wéi seng schonns 1989 arrangéiert Kompositioun zur offizieller NATO-Hymn deklaréiert ginn ass.