"Bauer sucht Frau"... De Guy & Victoria: E Schlass fir Schengen

Kierzlech woren den "Bauer sucht Frau"... Guy Wester an seng Frendin, d'Victoria, op Invitatioun vun Syndicat d'Initiative Schengen zu Schengen.

No enger kuerzer Visite an der europäescher Wënzeruertschaft hun de Guy an d'Victoria sech um Denkmal "E Schlass fir Schengen" duerch Ubrengen vun hierem perséinlechen Schlass zu Schengen symbolesch vereiwegt.

"Schengen bedeit mir ganz vill", sou d'Victoria. "Wann ech an d'Ländchen erafueren begréisst mech den Markustuerm". Et wir him perséinlech ganz vill Wert, dass de Guy et mat enger Kutschefahrt, an engem perséinlechem Riefstack (Rent e Riefstack) iwerrascht huet.