Fairtrade Brunch Schengen

Fairtradebrunch zu Boermereng

Iwwer 100 Leit hunn sech gëschter am Centre Maus Ketti erëmfonnt fir vum Brunch, organiséiert vum Fairtradegrupp vun der Gemeng Schengen ze profitéieren a bei de Stänn lokal Produiten ze kafen.

Dobäi konnten si och déi schéi Biller zum Thema Fairtrade gemoolt vun de Kanner vun der Maison Relais Schengen a vum Kreativen Atelier vun der Schoul Elweng bewonneren. D'Annexe Bech-Maacher vun der Maison Relais hunn sech iwwerdeems ëm d'Info- a Menuskäertecher bekëmmert an den C3 an C4 vun Elweng waren zoustänneg fir d'Entréesbännercher.