Fréier Gemengevertrieder aus dem Kanton Réimech op Besuch bei der SIDOR

Dëser Deeg waren eng Rei Membere vun der Amicale vun de fréiere Gemengevertrieder aus dem Kanton Réimech ASBL op eng Visitt vun der Müllverbrennungsanlag vum interkommunale Syndikat SIDOR op Leideleng gefuer. Si goufen do vum Här Patrick Christophory (Ingenieur bei der SIDOR) empfaangen a krute fir t‘éischt en Iwwerbléck iwwert d‘Geschicht vun der SIDOR. Des Weideren huet den Här Christophory eng Rei interessant Explikatiounen iwwert de Fonctionnement vun den Installatioune ginn.


Duerno huet hien seng Gäscht duerch d‘Installatioune gefouert, wou sech eis Memberen e gutt Bild vun der ganzer Prozedur vun der Uliwwerung vun den Dechete bis zum Oftransport vum Resultat vun der Verbrennung maache konnten. D‘Membere waren sech duerno eens, datt et eng ganz léierräich Visitt war, déi e gudden Abléck an d‘Aktivitéite vun der Verbrennungsanlag erlaabt huet an hunn duerfir och dem Här Christophory en décke Merci mat op de Wee ginn a Form vun enger Miseler Blimmchen.