Charity Run
17
Jun
2023
17 Jun
Nom groussen Erfolleg vun 2022, wou mir 7550€ fir de gudden Zweck sammele konnten, organiséieren Aitia an de Rotary Club Dudelange och dëst Joer nees een Charity Run.
Weini: Samschdes, de 17.Juni 2023 vun 10-14 Auer
Wou: Schëffleng am Stade Jean Jacoby (Montée du Cimetière, L-3815 Schifflange)
Mir lafen oder trëppelen a sammele Spende fir Kanner an Nout.
D'Spende ginn un d'Unicef Lëtzebuerg fir "Kanner an Nout"
D'Umeldung leeft bis den 13.06.2023, sou wéi weider Informatiounen iwer: Charityrun@aitia.etat.lu
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt