Generalversammlung vun der MUS
um weitere Bilder zu sehen.
Den 28. Mäerz huet déi 83. Generalversammlung vun MOTOR-UNION SCHËFFLENG (MUS) an der Maison des Oeuvres zu Schëffleng stattfonnt. Ënnert den 93 Participanten hate mir d'Freed, ënner anerem d'Gemengerotsmemberen Sven Kill an Admir Civovic, Memberen vum Syndicat d'Initiative et du Tourisme, souwéi 10 Vertrieder vu lokale Veräiner, de President vun de Motofrënn Diddeleng, Vertrieder vun de Bikerfrënn Sandweiler an de J-Pierre Kauffmann vun der Motor Union Lëtzebuerg ze begréissen.
No der Begréissungsried vum President Marcel Clement goufen d'Rapporte vum Sekretär Jeff Katzenmeier an der Trésorière Christine Lempereur presentéiert. D'Trésorière Lempereur huet eng gesond finanziell Situatioun gemellt, trotz engem liichte Defizit, deen duerch de Kaf vun engem Trakter entstanen ass. D'Membere goufen duerno fir hir 30 oder 20 Joer Memberschaft geéiert. Fir hiren Asaz am Comité goufen d'Christine Lempereur an den Henri Lorent fir 10 Joer, de Steve Weber fir 15 Joer an de Fernand Weber fir 20 Joer geéiert.
De Comité fir dat nächst Joer besteet aus 9 Memberen.
Folgend Athleten goufen fir hir sportlech Leeschtungen geéiert:
Daniel SMID, Motocross Champion 2025, Kategorie Vintage
Marco KRIER, 3. Plaz, Kategorie Youngtimer
Edwig DE COCK, 3. Plaz, Kategorie Senioren
Malie EICH, 3. Plaz, Kategorie 50cc
Laurent FOELLER, Ausdauer Champion 2025, Kategorie BOXC SOLO
Ausserdeem goufen zwou Spenden vun jee 1000 € un d'Fondatioun Multiple Sklerose Lëtzebuerg an un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.
Duerno goufen zukünfteg Aktivitéite presentéiert, dorënner verschidde Motorradsfaarten, d'Participatioun u lokale Festivallen, an, am wichtegsten, d'Motocross-Course vun dësem Joer zu Diddeleng den 20. September.
D'Generalversammlung ass um 20:30 Auer mat engem gemittlechen Iessen ofgeschloss ginn.