Associatioun Schëffleng Hëlleft spend 30.000€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D' Associatioun "Schëffleng Hëlleft" besteet schonns zanter puer Joer. Si organiséieren zanter Joren ganz vill Aktivitéiten wou si Geld fir den gudden Zweck sammelen. An deene ganzen Joren wou si bestinn hunn si ganz aktiv vill Projeten ënnerstëtzt mat dem Geld wat gesammelen ginn ass. Op hirer Assemblée Générale huet Schëffleng Hëlleft 2 ganz generéis Schecken konnten iwwerreechen an esou ass een Scheck an Héicht vun 30.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gaangen. www.fondatioun.lu