Club Haus beim Kiosk ënnerstëtzt d'asbl Rokku Mi Rokka

Mat dem Erléiss vum Verkaf vu selwer gekachtem Gebeess, dem Verkaf vun Adventskalenneren an dem Bitzasaatz vun de Fläissegen Hänn konnt Club Haus beim Kiosk ee generéisen Don iwwerreechen. Dëst Joer goung et un asbl Rokku Mi Rokka, déi sech asetzt fir behënnert Kanner am Senegal de Wee zur Beschoulung ze erméiglechen. 2000 Euro konnten um Neijoerschpatt vum Club Haus beim Kiosk (Foyers seniors asbl) den 11. Januar 2024 feierlech iwwerreecht ginn. Vue que dass de Solidaritéitsgedanken och bei de Schëfflenger Gemengenverantwortlechen ee grousse Stellewäert huet, gouf den Don verduebelt op also 4000 Euro, déi vum Yves Theisen an dem Christian Misteri vun Rokku Mi Rokka entgéintgeholl konnte ginn. Merci all den treien Clients vum Club haus beim Kiosk, déi des Aktiounen all Joer nees ënnerstëtzen.

Weitere Neuigkeiten von Club Haus beim Kiosk >