Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, huet d’Gemeng Schëffleng, zesumme mat der Ëmweltkommissioun haut de moie Croissanten an Uebst un d’Leit verdeelt déi mam ëffentlechen Transport awer och zu Fouss oder mam Vëlo ënnerwee waren.
D’Gemeng Schëffleng an d’Ëmweltkommissioun soen Iech Merci fir Äre Bäitrag zur nohalteger Mobilitéit.