Fréier Guiden vu Schëffleng spenden 13.000.- Euros
Viru Kuerzem haten d’Fréier Guiden op e gemittlechen Owend invitéiert fir jiddwer engem Merci ze soen, deen bei hirem 22. Floumaart am Abrëll 2017 eng Hand mat ugepaakt huet.Bei dëser Geleeënheet sin 3 Schecken iwerreecht gin, an zwar
10.000.- Euros un de Conny Schinker, President vun der « Maison des Oeuvres Schëffléng », fir Arbechten dei ufalen am Veräinshaus
1.000,- Euros un de Roby Schadeck, President vun der Hellefs-Organisatioun « CARE »
2.000.- Euros un d’Marcelle Ludwig vun de L.G.S. asbl. Comité Bilsdorf fir de « Relais de l’Amitié »
D’Geld vun desen Don’en kënnt aus dem Erléis vum Floumaart an dem Verkaf vu selwer gematem Gebeess, a.s.w.
D’nächst Joer ass den 23. Floumaart an dofir R.V. zu Schëffleng am Veräinshaus
den 28. an 29. Abrëll 2018