Generalversammlung vum Schëfflenger Theater

Am Kader vun der Generalversammlung am RIT begréisst d’Presidentin Nathalie Hansjosten all uwiesend Memberen, souwéi d’Gemengevertrieder a Vertrieder vun anere Veräiner.

De Schëfflenger Theater kuckt op eng erfollegräich Saison zréck. D’Opféierungen am Januar vum Stéck Residenz Schlass Bing hate grousse Succès. Sou konnt och en Don vun 1 000 € un d’Madamm Nuray Unlu-Bohn als Vertriederin vun der Associatioun ACTL iwwerreecht ginn, fir den Affer vum Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien ze hëllefen.