Inauguratioun vum COPIL „LIAS – Uelzechtdall“
um weitere Bilder zu sehen.
De 17. September 2025 huet de Minister Serge Wilmes vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit zu Schëffleng am Brill den 8. Comité de Pilotage Natura 2000 mam Numm „LIAS – Uelzechtdall“ offiziell ageweit. Dës Comitéen hunn als Zil, d’Efforten am Naturschutz ze koordinéieren an dobäi déi lokal Realitéiten – ekologesch, ekonomesch a sozial – ze berücksichtegen.
Den COPIL „LIAS – Uelzechtdall“ bréngt eng grouss Diversitéit u Partner zesummen: Ministèren, Verwaltungen, 13 Gemengen dorënner Schëffleng, Baueren, Fierschter, ONG’en, interkommunal Syndikater an Tourismus Organisatiounen. Dëse partizipative Modell erlaabt eng gemeinsam Gestioun vun den 12 Natura 2000-Sitten an der Regioun, opgedeelt a speziell Schutz- a Conservatiounszonen.
D’Regioun vum LIAS, tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Minett, ass räich u wäertvollen natierlechen Habitater. D’Agrarfläch mécht 60 % vun der Regioun aus, meeschtens privat, an d’Bëscher decken ongeféier 30 %. Dës natierlech Ëmfeld sinn essenziell fir d’Vullefauna an d’Biodiversitéit a verlaangen eng nohalteg a gemeinsam Gestioun.
Méi Informatiounen op natura2000.lu