Wei all Joer beschäftegt eis Gemeng während der ganzer Summervakanz jonk Studenten.
60 Schëfflenger Jongen a Meedecher sin an 3 Gruppen agedeelt a kommen jeeweils fir 3 Wochen schaffen.
Sie hëllefen ënneranerem an de Schoulen, wou all Joer während der grousser Vakanz vill Raum- a Botzaarbechten ufaalen.
Well während dem Eurofestival, di verschidden Natiounen an eisen Schoulen ënnerbruecht sinn, ass den Aarbechtsopwand natierlech doubel esou grouss an all fläisseg Hand gëtt gebraucht fir alles an d’Rei ze bréngen. Esou mussen eng 550 Better an deenen verschiddenen Schoulen a Klassesäll ofgeriicht ginn.