Groussbotz an der Gemeng Wanseler

D'Groussbotz an der Gemeng Wanseler war och 2016 erëm ee groussen Erfolleg. No der Usprooch an de Sécherheets Consignen vum President vum Syndicat d'Initiative Wanseler dem Christophe Hansen, hu sech ronn 40 engagéiert Matbierger op de Wee gemaach fir wahrlos weggehéitem Dréck laanscht Weeër, Bëscher a Stroossen vun der Gemeng Wanseler opzerafen. Bei herrlechem Fréijoerswieder goufen sou eng selechen Tonnen Dréck zesumme gedroen. No erleedegter Aarbecht huet d'Gemeng Wanseler mat engem Mëttegiessen an der Schleef Merci gesot. De Syndicat seet all deene Merci déi eng Hand mat ugepaakt hunn a géif sech freeën wa mir am nächste Joer nach méi Fräiwëlleger begréissen dierften.