Amicale vun de Pompjeeën vu Schlënnermanescht

Mir waren frou dass no zwee Joer eist traditionellt Buergbrennen konnt ofgehalen gi an mir den Duerfleit eisen Ierbsebulli an e Patt zerwéieren konnten.

Bei dëser Geleeënheet sin 1.312 Euro zesumme komm, an dofir soen mir All de Leit vu Schlënnermanescht, dem Friedbësch, der Giewelsmillen an der Ënnerschlënner

VILLMOOLS MERCI.

Dëst Joer sollen des Suen zwou Associatiounen, als Hëllef fir d’Ukrain, zoukommen. Aus eiser Kees hu mir dat selwecht drop geluecht an no uewen opgeronnt.

Mir sinn houfreg dass mir 2.000 Euro un SOS-Villages d’Enfants an 2.000 Euro un Médecins sans Frontières iwwerweisen konnten.

Jiddferengem VILLMOOLS MERCI.