Club des Jeunes Ierpeldeng ënnerstëtzt Stëmm vun der Strooss

Am Oktober konnt déi Responsabel vum Centre de Post-Thérapie vu Schëndels Tania Draut een Don vum Club des Jeunes Ierpeldeng entgéint huelen.

Den Erléis vun der Chrëschtbam-Aktioun gëtt all Joers un eng national Organisatioun gespent.

Déi Jonk aus der Gemeng Ierpeldeng ginn Ufank Januar zu Angelduerf, Bierden an Ierpeldeng Chrëschtbeem asammelen an huelen mat oder ouni Bam gär eng kleng Spent vun de Leit entgéint.

Bei dëser Aktioun sinn 2015/16, 1 250€ beieneen komm, déi Tania Draut, a Präsenz vum Buergermeeschter Claude Gleis, fir Stëmm vun der Strooss iwwerreecht krut fir hir lafenden Projet’en ze ënnerstëtzen.