Jean-Pierre Kauffmann: Schëtter Éierebuergermeeschter no 43 Joer am Déngscht

No méi wéi véier Joerzéngten engagéiertem Asaz an der Gemengepolitik huet de Jean-Pierre Kauffmann sech am Juni 2025 aus dem aktive politesche Liewen zeréckgezunn. E Méindeg, den 29. September 2025, ass him a Presenz vum Inneminister Léon Gloden eng besonnesch Éier erwise ginn: mat 82 Joer krut de gebiertege Schëtter Bierger den Titel “Éierebuergermeeschter”.


Säi politesche Parcours ass beandrockend: Zënter 1981 am Gemengerot, war hien iwwer 10 Joer Buergermeeschter (1998–2005, 2014–2017) a 16 Joer Schäffen (1985–1998, 2011–2014).


Nieft sengem politeschen Engagement huet de Jean-Pierre Kauffmann, och bekannt ënnert sengem Spëtznumm „Jemp”, sech staark am Veräinsliewen agesat: Ë.a. als Grënner vum Schëtter Jugendhaus, Vize-President vum FC Minsbech, President vun der Motor Union Luxemburg a Member bei La Pétanque Schuttrange huet hien d’Zesummeliewen an der Gemeng aktiv matgestalt.


Den Titel vum Éierebuergermeeschter wierdegt säi laangjäregen Engagement am Déngscht vun der Gemeinschaft. Seng feierlech Zeremonie huet am Centre Culturel um Campus an der Dällt zu Minsbech stattfonnt, wou de Schäffen- a Gemengerot, Kommissiouns- a Veräinsmemberen, Mataarbechter vun der Gemeng souwéi Membere vun der Demokratescher Partei him fir déi gutt Zesummenaarbecht Merci gesot hunn.