Scheckiwwerreechung vun Nationalfeierdag zu Schëtter 22.11.2018

Beim Nationalfeierdag vum dësem Joer waren 9 verschidden Länner mat engem kulinareschen Stand vertrueden an hunn eis mat hiren Landesspezialitéiten verwinnt. Duerch den Verkaf vun Iessen a Gedrénks fir 1 € ass eng stattlech d’ Zomm gesammelt ginn.


Mir konnten un 8 karitativ Associatiounen e Check vun 750 € iwwerweisen.

Dës Associatiounen, déi vun de verschidden Kachéquipen proposéiert goufen hunn sech an enger flotter Feierstonn en Donneschdeg den 22 November am Sëtzungssaal vun der Gemeng zu Schëtter presentéiert a gewisen wéi wichteg des wäertvoll Aktioun ass.


Wann Dir interesséiert sidd fir um Nationalfeierdag 2019 mat engem Stand aus ärem Land matzemaachen, zéckt net a schéckt eis eng Email un commune@schuttrange.lu.

Dir sidd häerzlech wëllkomm.