Schëtter : 25.ten KONVENIAT vun de Joeren 1941 - 1944

Dee leschten 2.Oktober hunn sech fréier Schëtter Schüler fir hiren 25.ten Konveniat um Mutferter Haff getraff , fir bei enger interessanter Visite vum Betrieb " Mathellëf a.s.b.l." a sengen villen Aktivitéiten am Atelier thérapeutique a protégé an sengen bestoenden psycho-sozialen Servicer , een Abléck ze kréien wéi hei Leit mat psychescher Krankheet ënnerstëtzt a gestärkt aus Isolatioun raus , a nees Kontakt an eng Plaz an der Gesellschaft kënne kréien , bei geregelter an equilibréierter Arbecht je no hiren Méiglechkeeten am Stall , bei de Pärd , am Bistro , an der Kichen an och am Service Nom Apero hu si sech e formidabele Menu an der Brasserie " beim Pier " a beschter Ambiance gutt schmaache gelooss , mam Verspriechen sech och nees d'nächst Joer erëm ze gesinn .