Wanderveräin Heemelsdéiercher Senneng huet sech opgeléist

No 50 Joer Bestoen, mat vill Aarbecht awer och vill Freed, huet de Wanderveräin Heemelsdéiercher vu Senneng seng Wanderschong un de Nol gehaangen. Am Laf vun de Joren ass et ëmmer méi schwiereg ginn grouss Wanderungen ze organiséieren well ëmmer manner Leit do waren fir ze hëllefen an déi puer di gehollef hu sinn och net méi jonk ginn. Well leider awer keen Nowuess do war fir de Veräin weider ze féieren, huet de Kommitee dunn Decisioun geholl fir der Generalversammlung ze proposéieren de Veräin opzeléisen. Et gouf och decidéiert vum Geld, wat de Veräin nach hat, en Don ze maachen un déi Associatiounen déi sech hei am Land em d’Kanner a Jugendlecher bekëmmeren, an zwar un d‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf vu Miersch an un d’Associatioun Zesummen aktiv ZAK Lëtzebuerg. De Rescht vum Geld ass dunn, wéi d’Gesetz et virgesäit, un den Office Social iwwerwise ginn.