Charity Triathlon '18 an der Regionalschoul Uewersauer

Et war 2014 wéi an der Regionalschoul Uewersauer di éischte Kéier een grousst sportlecht Événement organiséiert ginn ass fir mam Erléis anere Leit ze hëllefen.

Den 11. Mee 2018 war dunn di zweet Editioun, just datt aus dem Charity Run een Triathlon ginn ass. Dëst Joer hu mir zesumme mam Ong Le Soleil Dans La Main ee Projet geplangt fir am Burkina Faso eng Schoul ze bauen. Während e puer Wochen gouf d'Thema Aarmut, Waasser an d'Land Burkina Faso an eise Klassen thematiséiert. Eis Schüler hunn dunn ungefaang Sponsoren ze sichen déi sollten di gelafe, geschwommen a geradelt Meteren bezuehlen. Den 11. Mee sinn all eis Schüler ungetruede, fir alleguerzesummen mat hierem Asaatz sou vill wi méiglech Suen ze sammelen. Di Kléngst bis den Cycle 2 sinn just gelaf an ab dem Cycle 3 konnten d'Sportler an enger, zwou oder dräi Disziplinnen untrieden. Vill vun hinne sinn deen Dag iwwert sech erausgewues an hunn sou munche Sponsor durch hier Promesse de don a Verleeënheet bruecht. Entreprisen aus der Regioun haten d'Méiglechkeet ee Leefergrupp aus dem C4 ze sponsoren. D' Schüler sinn 1367km gelaf, 1128km gefuer an 23km geschwomm!

No dësem sportlechen Exploit vun de Kanner war et un de Sponsoren fir hier Verspriechen anzeléisen.

Den 9. Juli hunn 380 stolz an houffrëg Kanner aus der Regionalschoul Uewersauer 24000€ un Le Soleil Dans La Main iwwerreecht.