Weekend vun de Oppene Kierchen

Virstellung vun der Soller Nakloskierch mat Concert vum Stauséichouer.
Datt déi 2 Deeg vum 13. a 14. Juni bei enger ganzer Rei vu Leit ganz uewen op der Agenda stungen, datt huet d’Sängerinnen an d’Sänger vun der Uewersauer a vun de Gesangveräiner aus der Gemeng Wanseler gefreet.

Nodeems datt de Gusty Weinandy vun Donkels an d’Geschicht vu Soller an sénger Kappell (fréier Parkierch) agefouert hat, hun si ënnert der Leedung vum Liliane Cornette-Theis eng 12 Wierker, profaner a sakraler, mat groussem Engagement opgefouert, an dat gläich zweemol, Samschdes a Sondes. Domat haten sech dann och déi sëlleche Prouwen op sou eng besonnesch Manéier «rentéiert». Op der Uergel huet de Mathy Holweck vu Breedelt d’Musikanten begleet an ënnerstëtzt.

D’Gemeng Wanseler huet den Éierewäin op der Plaz zervéiert, an d’Leit ware nawell ganz iwwerrascht, datt och dat klengt Soller vill ze bidden huet op kulturhistoreschem Plang.